background background

Réimech

Martine Geimer

  • Sekretärin déi gréng Réimech

Ech wunnen zënter 22 Joer zu Réimech, si bestuet a Mamm vun enger Duechter. War laang Joeren aktiv an der Elterevereenegung a vun 2011-2017 Gemengeconseillère. Wärend där Zäit war ech aktiv an der Kultur- an an der Integratiounskommissioun täteg.Meng Kannerzäit hunn ech am Mëllerdall verbruecht, wou ech enk mam Tourismus an der Natur verbonne war.

Themen déi mir ëmmer nach um Häerz leie sinn:  e friddlecht Zesummeliewen, d‘Integratioun, d’Kultur an den Tourismus.

Den Tourismus ass  fir ons Stad e wichtegt Thema, mä de Bierger  däerf dobäi net vergiess ginn. Réimech brauch en attraktiven Tourismus, wou et sech lount ze kommen a wou et sech lount ze liewen. Genee esou mat der Kultur. E Liewen ouni Kultur ass onvirstellbar. D’Mënsche leeë Wäert op Musek, Danz, Theater, Film, Literatur, Sport… Mat der Kultur ass eng  Interaktioun tëscht de Mënsche méiglech.