
Aktualitéit


Richtegstellung Luxemburger Wort
Folgend Richtegstellung huet de Sergio Prado un d’Luxemburger Wort geschéckt. Den Artikel iwwer de Wunnsëtz vun verschiddene Conseilleren zu Remich war falsch an huet negativ Repercussiounen op dem Sergio seng privat, berufflech a politesch Situatioun. Souguer eng Question parlamentaire gouf vun de Piraten (!!!) gestallt, mam But de Sergio wéngst sengem angeblechen Feelverhalen zur Rechenschaft ze zéien. Dem Sergio seng Wunnsituatioun war zu all Moment konform fir kënne sei Mandat als Gemengeconseiller auszeüben.,. D´Richtegstellung gouf direkt op wort.lu publizéiert.
Invitatioun | Infoowend | 9. Nov. 2022
Gutt Wunnen zu Lëtzebuerg. Wéi schafe mir méi bezuelbare Wunnraum? ir ze garantéieren, datt all Mënsch zu Lëtzebuerg Zougang zu enger dezenter Wunneng huet, grad och jonk Familljen, hu mir d’national Strategie fir bezuelbare Wunnraum op d’Been gestalt. Hei gi mir Staat a Gemengen déi néideg Instrumenter, d’Logementskris konsequent unzegoen.
Wiessel am Gemengerot
D‘Danièle Hensgen-Libar stellt sech vir. Vum Oktober un hunn ech déi grouss Éier de Sergio Prado am Gemengerot ze ersetzen….