background background

Réimech

Wiessel am Gemengerot

D‘Danièle Hensgen-Libar stellt sech vir.

Vum Oktober un hunn ech déi grouss Éier de Sergio Prado am Gemengerot ze ersetzen. Eng Aufgab, där ech mech mat Freed an Enthusiasmus wäert stellen.

Ech hu 67 Joer, sinn zanter 27 Joer hei zu Réimech abestuet a Mamm vum enger Duechter. Ech war aktiv an der Elterevereenegung an an der Kulturkommissioun. Zënter 6 Joer sinn ech Member an der grénger Partei. Ech interesséiere mech staark fir d’Gemengeliewen a wëll mech fir folgend Theemeberäicher asetzen: d‘Stadentwécklung an de Logement, d’Liewensqualitéit vun de Réimecher Bierger, de Verkéier an d’Ëmwelt esou wéi den Naturschutz.

déi gréng Réimech soen dem Sergio Prado e grousse Merci fir säin Engagement déi lescht Joren. Mir freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht mam Sergio um regionale Niveau bei déi gréng Osten.