background background

Réimech

Schützen, wat eis wichtig ass!

Mir erliewe grad villes, iwwer wat mir eis kënne Suerge maachen: Pandemie, Krich, Präisdeierecht, Energie- a Klimakris. Mä als déi gréng si mir fest dovunner iwwerzeegt, datt wa mir zesumme schützen, wat eis wichteg ass, eng besser Zukunft fir eis all méiglech ass. Dat weisen mir dir och op den nächste Säiten, wou sech dir eng ganz Rei engagéiert Bierger*inne virstellen, déi sech hei am Oste bei déi gréng abréngen. Mir bréngen eis dofir an, datt mir eis Liewensqualitéit schützen. Dofir suerge mir fir méi bezuelbare Wunnraum an hëllefen elo bei den Energiekäschten iwwerall do, wou Hëllef gebraucht gëtt. De Stéit, ewéi de Betriber. Mir bréngen eis och dofir an,datt mir eis Existenzgrondlage schützen, ob proppert Waasser, frësch Loft oder gesond Liewensmëttel. Datt mir d‘Klimakris wierksam bekämpfen a verhënneren, datt katastrophal Iwwerschwemmungen an Dréchenten heiheem eng Normalitéit ginn.

Wéi goud mir am Alldag liewen, entscheet sech oft direkt virun eiser Hausdier – an eiser Gemeng. Bei de Gemengewale nächst Joer gi mir all zesumme wielen, onofhängeg vun eiser Nationalitéit. Mir sti viru wichtegen Decisiounen. Dofir zéck net, kontaktéier eis oder komm op eng vun eise Veranstaltungen.

Zesumme schütze mir, wat eis wichteg ass.

déi gréng Osten

Publikatioun