background background

Réimech

Sergio Prado

  • Gemengeconseiller

Ech sinn zu Gréiwemaacher opgewuess a wunnen elo zënter bal 20 Joer zu Réimech. Ech si bestuet a Papp vun zwee Kanner. Säit 2012 schaffen ech am Département de la mobilité et des transports fir de Ministère de la Mobilité et des Travaux publics, wou ech haaptsächlech fir de Bus Réseau RGTR responsabel sinn. Doriwwer eraus sinn ech e begeeschterte Vëlosfuerer an Hobbygäertner. 

Zanter 17 Joer engagéieren ech mech elo bei déi gréng Réimech, wou et mäin Zil ass, zu enger appropriéierter Gemengepolitik fir all Bierger bäidroen ze kënnen, no der Philosophie vun eiser Sektioun an eiser Partei. 

E puer vu mengen Themeberäicher sinn:
- Ausbau vu sozialen, kulturell a sportlechen Infrastrukturen,
- Grenziwwergräifenden a lokale Verkéier, Parkplaz-Problematik a Loftverschmotzung an de Grëff kréien,
- derfir ze suergen, alle Bierger, déi beschtméiglechst an nohaltegst Liewensqualitéit unzebidden.